Merzig-Wadern, am Häerz vun Europa

Léif Visiteuren,

häerzlech wëllkomm op den Internetsäiten vun der CDU vun der Regioun Merzig-Wadern.

Mat „Häerz a Verstand“ wëllen mir Politik maachen, Politik déi sech un Iech léif Biergerinnen a Bierger adresséiert, un ären Interessi’en awer och un äre Suergen an méigleche Problemer.

Dofir steet de perséinleche Kontakt mat Iech ganz uewen op eiser Agenda. Zéckt net fir mat mir selwer oder mat engem vun eisen Memberen aus der Regioun Kontakt op ze huelen. Mir hunn en oppent Ouer fir Iech.

MIR SINN FIR IECH DO !!

Déi europäesch Integratioun geet virun an ëmmer méi spieren mir den direkten Afloss, och an der Politik. Déi geografesch Lag un de Grenzen mat Lëtzebuerg a Frankräich mécht ons Regioun Merzig-Wadern doriwwer eraus zu där Regioun am Saarland déi wuel am europäeschsten ass. Et läit deemno op der Hand datt mir eis ganz besonnesch op är Besoins och iwwert d’Grenzen eraus këmmeren wëllen.

Dës Internetsäiten informéieren net nëmmen iwwert ons Aktivitéiten mäe bidden Iech och Kontaktméiglechkeeten un.

Ech wënschen Iech vill Spaass beim surfen op de Websäiten vun der CDU vun der Régioun Merzig-Wadern (CDU Kreisverbandes Merzig-Wadern) an zéckt net fir ons och de néidegen Feedback ze ginn, dofir soen mir Iech elo schonns Merci.

Bescht Gréiss

Unterschrift Helma Kuhn-Theis

Helma Kuhn-Theis
 
CDU-Präsidentin fir d'Régioun Merzig-Wadern

Responsabel Europa-Delegéiert fir d'Saarland

*Übersetzung: Patrick (Petz) Sandt, CDU Kreisverband Merzig-Wadern